Jos: Fiddle, Banjo, Guitar, Mandolin, Vocals

E Bluegrasser an enger Country Band.

 

Mandolin & Guitar

Ugefaang huet alles mat der Mandolin, am Alter vun 9 Joer am Déifferdenger Mandolineveräin. E puer Joer méi spéit, wéi d’Fangeren méi grouss waren, ass Guitar gespillt ginn.

Banjo

De Wee an de Bluegrass huet him säi Frënd Kremer Paul gewisen. Nodeems dat hien sech en 5 String Banjo “en originale Stelling” aus Amerika zoukomme gelooss hat, ass all Dag “an Nuet” gepickt ginn. Et huet net laang gedauert, a gemeinsam mam Phony, ass déi éischt Country Band gegrënnt ginn; an zwar “Crunch the Band”. 2 Produktiounen sinn mat dëser Band entstaan, an zwar eng K7 mam Titel “Den 1te Mee”, an eng CD mam Titel “Handle with care”.


Fiddle

D’Saiten-Instrumenter hunn him et ugedoen. D’Fiddle war nach just eng Fro vun der Zäit. Nodeems d’Gei vun der Mauer geholl ginn ass, ass se nieméi opgehaang ginn. Keep on fiddling.

1995 ass de Joss der franzéischer Country Band “Conniving” bäigetrueden, an huet während 6 Joer haaptsächlech a Frankräich gespillt, wo hien op villen Festivals vertrueden war. Bei enger anerer franzéischer Band “Amarillo”, huet hien ab und zu ausgehollef.

2001 goung et nees zréck an d’Land fir eng nei Formatioun ze grënnen. Ziel war et, eng Country-CD erauszebrengen, mat nëmmen lëtzebuerger Lidder an Texter. D’Formatioun “Eschville Ramblers” ass entstaanen.

 

Compositeur, Auteur

Zesumme mat senge Frënn: Paul Kremer, Phony Philippe, Marc Konsbrück a Roland Migeotte ass komponéiert a getext ginn, an d’CD “Minett-Country” ass an de Linster-Studios realiséiert ginn.


Duerno ass hien der “Nickle Coin Band” beigetrueden wou hien eng Reih vu Concerten mattgespillt huet. An dësem Ensemble huet hien de Mario kennegeléiert, an zesummen hu si de Group “Kantri Klapp” gegrënnt.

Am Joer 2009 ass de Jos de MillerMoaler beigetrueden. Dëse Group ass e Folk-Duo a besteet aus dem Gérard Bintener (Guitar a Gesang)a Jos Pletschet (Mandolin).  www.millermoaler.lu

 

 

Matt frëndleche Gréiss

Jos Pletschet