Phony: Lead-Vocals, Harp, Guitar.

Beim Phony do huet dat mat der Musik ugefang am Joër 1952 am September. Seng Mamm déi soot heen hätt an engem Stëck gesongen, esouguer nuets. Lues a lues ass hien nuets méi roueg ginn awer d'Musik déi huet heen net lassgelooss.

Virun Publikum ze spillen wuar him souzesoën an d'Wéih geluecht an schon deemols sin d'Frâleit him nogelaaf.

Hien huet sech och schon an ganz jonken Joëren mat deenen wichtegen Saachen aus dem Liewen ofginn well net nëmmen d'Musik huet hien intresséiert. Hei zum Beispiel beim Training mam Josée fir säi spéidert Liewen.

Mat 9 Joër huet heen en Mondspill kritt (esou sinn deemols déi Instrumenter genannt ginn, déi haut "blues harp an chromatic harmonica" heeschen.) Seng Elteren hu gemengt hien géif dann am Daag och nach méi roueg ginn. Daat woar awer derniewent gang well do huet heen richteg ugefaang. Am Mandolinenvereinhuet den Krajewskis Pier him probéiert Guitar spillen béizebrëngen. Daat huet nët esou ganz geklappt, awer et war genuch fir mam Pletschet's Jos an nach e puer aaneren op der Uewerkuerer Gare Danzmusik ze spillen (Do waren d'Leit nët esou kriddeleg)
Mat engem Ensemble, dee "Country Diggers" geheescht huet woar dach op d'manst schons eng Undeitung gemeet a wat fir eng Richtung et sollt goen.

Well heen wosst dass d'Mondharmonika sein Instrument war huet hien seng Begeeschterung bei en Ensemble gefouert déi nëmmen Mondharmonika gespillt hun, daat wat zu Rodange "Chromonika 77".
Et woar schéin, awer net dat richtegt!!
Et woar keng Country-Musik... Et huet dann, no Joëren voller Danzmusik, bis 1993 gedauert bis heen mat dem Jos, dem Ferd an dem Roland eng Band zesummengesaat huet déi sech "CRUNCH" genannt huet an déi dann och Country Musik oder besser gesoot eng Art Blue-Grass gespillt hunn. Mat dëser Band ass hien bis 2000 durch den Zentrum vun Europa (Lëtzebuerg) gezunn. Zesummen sin 2 Produktionen, eng Kassett "Den eischten Mee" an eng CD "Handle with care" opgeholl ginn.

Mam Jos Pletschet, dem Roland Migeotte, dem Paul Kremer an dem Marc Konsbrück sin duerno d'"Eschville Ramblers" entstaan. Deen Ensemble hat sech virgeholl eng CD opzehuelen mat amerikaneschen Melodien an Lëtzeburger Texter. Den Jos, den Pol, den Marc an den Phony hunn dann Texter zesummengedicht an dorops hin och en CD beim "Jangli" mat dem Titel "Minett Country" opgeholl.
Dozwëschent huet hien beim Schabesch Felix fir Musikopnahmen mam Luke Haas (Same old story an Nobody knows) mat geschafft an beim Jangli huet hien am Studio Mondharmonika fir den "Yuppi Zirkus" gespillt.

Et ass dann am Joer 2003 am Hierscht (Mer haaten grad neischt besseres ze dinn) wou den Jos gemengt huet mer sollten eis erem"on the road again" maachen. Aus daer Iddi ass dann elo "Kantri Klapp" entstaan.
Well, wéi mer dat am Ufank gewuer gi sinn, den Phony jo schon deemools (September 1952)esou schéin gesongen huet (froot seng Mamm!), hun seng Kollegen gemengt hien sollt hei och sangen an dobai Guitar spillen an och nach Mondharmonika.

Op daat eppes gëtt????????? Loost Iech iwerraschen!

 



Matt léiwe Gréiss

Phony